LoftverschmotzungNei-Delhi läit ënner enger Wollek aus Smog

RTL mat Reuters
Et ass net déi éischte Kéier, datt d'Groussstad an Indien am Smog erstéckt.
Smog zu Nei-Delhi
Et kënnt an der indescher Metropol ëmmer nees vir, datt d'Stad am Smog ënnergeet.

D'Loftqualitéit zu Nei-Dehli huet sech verschlechtert a ass elo an d'Kategorie "schlecht" gefall. Dëst bréngt mat sech, datt eng Wollek aus Smog iwwert der Stad läit. Der indescher Autoritéit fir Ëmweltschutz no louch den Index vun der Loftqualitéit bei 226. Doduerch gëtt d'Loft dann och als "schlecht" kategoriséiert. Zum Verglach läit den normale Wäert vun der Loftqualitéit tëscht 0 a 50

Wéinst der aktueller Situatioun gouf och elo de "Graded Response Action Plan" a Kraaft gesat, mat deem d'Autoritéite probéieren, fir d'Loft nees méi propper ze kréien. Mam Level 1 vum GRAP dierfen elo an der Stad zum Beispill keng Kuel a kee Brennholz méi verbrannt ginn.

Nei-Delhi gehéiert zu deene Stied weltwäit, déi déi héchste Loftverschmotzung hunn. Grad am Wanter verschlechtert sech d'Loftqualitéit däitlech duerch d'Ofbrenne vu landwirtschaftleche Flächen an den Nopeschregiounen awer och duerch d'Ofgase vun all den Autoen an de Stëbs vun de ville Chantieren.

Back to Top
CIM LOGO