
"Ech sot, 'Katie, ass dat hei fir dech?'", sot den US-President Journalisten géigeniwwer. "Ech sot, 'Katie, du muss dat hei net maachen .... Ech sot hir, 'Éierlech, wann ech du wier, géif ech et mir nach emol iwwerlëeën.'"
US-Medie mellen e Freideg den Owend eiser Zäit, déi nei Spriecherin wier antëscht entlooss ginn. Si beruffe sech op Sourcen am Wäissen Haus, eng offiziell Confirmatioun dovunner gëtt et awer nach net.
D'Katie Zacharia hat en Dënschdeg hiren éischten Optrëtt virun der Press als Spriecherin vum Wäissen Haus, deen net ganz ouni Tuddeler ofgelaf ass. Nieft enger onsouveräner éischter Pressekonferenz sinn an den dräi éischten Deeg op hirem Posten awer och Froen zu hirem Liewenslaf opkomm.
D'"Washington Post" an aner US-Medien hunn e Mëttwoch bericht, d'Zacharia hätt falsch Aussoen an hirem Liewenslaf gemaach. Si géif sech "Affekot nennen", obwuel si wéi et schéngt an den USA keng Zouloossung huet.
D'Zacharia hat un der Pepperdine University Jura studéiert an Assistentin vun engem Jura-Professer geschafft. Den Examen fir hir Zouloossung an den USA hat si allerdéngs net gepackt. An enger Stellungnam sot si doriwwer, si hätt den Test just pro forma geschriwwen, well si deen Ament scho gewosst huet, datt si a China plënneren a schaffe géif an d'Zouloossung dowéinst net bräicht. Déi fréier Kommentatorin fir Fox News sot op der Tëlee an Online awer ëmmer nees, si wier "Affekot".