11 Joer no Germanwings-CrashNeie Prozess ëm Schuedenersatz fir d'Hannerbliwwen

AFP, iwwersat vun RTL
Méi wéi 11 Joer nom déidleche Crash mat enger Germanwings-Maschinn mat 150 Doudegen an de franséischen Alpen fänkt e Freideg zu Braunschweig en neie Prozess un.
Archivbild
Archivbild
© CHRISTIAN BOHMER/dpa Picture-Alliance via AFP

2015 hat den deemolege Kopilot eng Germanwings-Maschinn express an e Bierg geflunn. Hie war psychesch staark virbelaascht an Hätt net méi dierfe fléien. 150 Passagéier koumen deemools ëm d'Liewen. E Freideg fänkt zu Braunschweig en neie Prozess un. 30 Hannerbliwwen hunn den däitsche Staat respektiv d'Luftfahrtbundesamt, dat zu Braunschweig hire Sëtz huet, verklot. Hirer Meenung no soll d'Amt net genuch iwwerwaacht hunn, ob de Kopilot kapabel war, fir ze fléien an hätten domat hir Flicht verletzt.

Viru Geriicht geet et lo ëm zousätzlechen Schuedenersatz fir d'Familljen vun den Affer an Héicht vu 5.000 bis 110.000 Euro. Si sinn der Meenung, datt déi mental Gesondheet vum Kopilot hätt misse besser iwwerpréift ginn. D'Lufthansa huet scho a fréiere Prozesser Schmäerzensgeld bezuelt an et ass, och wéinst prozeduralen Doutten, onkloer, ob d'Affer mat weidere Sue rechne kënnen.

Back to Top
CIM LOGO