Mord-Serie bei JohannesburgNéng Fraeläiche bannent zwee Méint entdeckt

AFP
Eng Serie u Fraemorder léisst a Südafrika den Ament d'Angscht ëmgoen.
Eine Mordserie an Frauen erschüttert Südafrika: In der Nähe von Johannesburg wurde eine weitere Leiche entdeckt. Damit wurden in der Region innerhalb von zwei Monaten neun Frauenleichen gefunden.
D'Mordserie misst op een Enn bruecht ginn, sot d'Vize-Policecheffin Tebello Mosikili zu Dawn Park, wou déi néngt Läich um Bord vun der Strooss entdeckt gouf.
© AFP

An der Géigend vu Johannesburg gouf en Donneschdeg eng weider Läich entdeckt. Domat goufen an der Regioun bannent zwee Méint néng Fraeläiche fonnt. D'Affer goufen deelweis hallef plakeg zeréckgelooss.

D'Police huet an der betraffener Regioun Stroossespären ageriicht. D'Mordserie misst op een Enn bruecht ginn, sot d'Vize-Policecheffin Tebello Mosikili zu Dawn Park, wou déi néngt Läich um Bord vun der Strooss entdeckt gouf. "Mir kënnen net ëmmer nees nei Läiche biergen." D'Police géif elo préiwen, ob d'Fra, déi elo fonnt gouf, mat eelere Fäll am Zesummenhang steet, oder ob et och kéint een Imitatiounstäter sinn.

Eng vun de Fraen, déi ëmbruecht gouf, hat Ufank September hir aacht Joer al Duechter Doheem gelooss, fir joggen ze goen. Déi 38 Joer al Fra koum ni zeréck. Hir Läich gouf den 12. September hannert engem Hotel fonnt.

Hiert Verschwannen ass an d'Medie komm, nodeems aner Leefer eng Campagne an de Soziale Medie lancéiert haten. Duerno gouf d'Opmierksamkeet op fréier Fäll geriicht - an et goufe weider Läiche fonnt. Op d'mannst eng vun de Frae war scho méi laang dout.

A Südafrika ginn am Schnëtt all Dag 60 Leit ëmbruecht - mat deen héchsten Taux weltwäit. Och geschlechtsspezifesch Gewalt ass wäit verbreet. De Vereenten Natiounen no erlieft all drëtt Fra a Südafrika am Laf vun hirem Liewe kierperlech oder sexuell Gewalt.

Back to Top
CIM LOGO