
Bei engem "Virfall" an engem Brand op enger Base vun der Arméi am Weste vu Kanada si méi Mënschen ëm d'Liewe komm. "Et gëtt souwuel Doudesaffer wéi och Blesséierter nom Virfall op der Militärbasis" Wainwright an der Provënz Alberta, sot de Verdeedegungsminister David McGuinty e Samschdeg den Owend Lokalzäit op enger Pressekonferenz.
Detailer iwwer d'Zuel vun den Affer an de Blesséierten oder wat genee de Virfall war, huet de Minister net matgedeelt. Hie kéint sech awer u kee vergläichbare Virfall an der jéngster Geschicht erënneren, esou de McGuinty weider. An den "nächste Stonnen an Deeg" wäert et méi Informatioune ginn. Vill Unitéite vun de Pompjeeë waren awer u Läschaarbechte bedeelegt. Eng Enquête gouf an d'Weeër geleet.
De kanadesche Premier Mark Carney huet op X vun engem "schwéiere Virfall, deen e grousst Feier ausgeléist huet", geschwat. Hien huet all de Betraffene säi Matgefill ausgeschwat a confirméiert, datt d'Regierung mat de regionalen a lokalen Autoritéite géif zesummeschaffen.
D'Militärbasis Wainwright läit ronn 200 Kilometer südëstlech vun Edmonton, der Haaptstad vun der Provënz Alberta.