Zweet Land weltäitNeuseeland erlaabt MDMA am Kampf géint posttraumatesch Belaaschtungsstéierung

RTL mat AFP
Neuseeland huet déi als Party-Drog bekannte Substanz MDMA ënner strengen Oploe fir d'Therapie vu posttraumatesche Belaaschtungsstéierunge bei Erwuessenen an engem klineschen Ëmfeld zougelooss.
De stellvertriedende Premier David Seymour huet betount, datt PTBS d'Liewe vu ville Leit zerstéiert a schwéier ze behandelen ass.
© WLADIMIR BULGAR/SCIENCE PHOTO LI/Science Photo Library via AFP

D'Gesondheetsautoritéiten an Neuseeland hunn déi als Party-Drog bekannte Substanz MDMA am Kampf géint posttraumatesch Belaaschtungsstéierung (PTBS) zougelooss. D'Substanz dierf domat ënner strengen Oploe fir Therapie-Zwecker benotzt ginn – nëmmen a Kombinatioun mat Psychotherapie an ënner medezinescher Iwwerwaachung.

PTBS trëtt no extremen an traumateschen Erliefnesser op – wéi zum Beispill bei militäresche Missiounen oder no sexuellen Iwwergrëff.

D'Patiente mussen op d'mannst 18 Joer al sinn a kréien d'Substanz just an engem klineschen Ëmfeld, also net fir doheem. Domat ass Neuseeland no Australien dat zweet Land op der Welt, dat dës Zort Behandlung erlaabt.

De stellvertriedende Premier David Seymour huet betount, datt PTBS d'Liewe vu ville Leit zerstéiert a schwéier ze behandelen ass. Hien ass der Meenung, datt MDMA an dësem Kontext "besonnesch effektiv" kéint sinn.

Zousätzlech huet de Seymour sech och agesat fir e medezinescht Notze vu sougenannte "Magic Mushrooms" – also natierlech Champignonen, déi zu Halluzinatioune féieren – dat bei schwéieren Depressiounen.

De Gesondheetsministère vun Neuseeland huet präziséiert, datt d'MDMA-Behandlung just ënner Opsiicht vu qualifizéierte Psychiater a strenger Kontroll stattfënnt. D'Medikament gëtt nëmmen am Spidol oder an enger spezialiséierter Klinik genotzt a soll d'klassesch Psychotherapie ënnerstëtzen.

Déi US-amerikanesch Medikamenten-Agence FDA hat d'Zouloosse vun MDMA fir medezinesch Zwecker 2024 zeréckgewise mat der Begrënnung, et géif nach net genuch Beweiser fir d'Effikassitéit a Sécherheet ginn.

An Israel gouf d'lescht Joer eng Etüd publizéiert iwwer Leit um Nova-Museksfestival am Oktober 2023, déi wärend dem Hamas-Ugrëff MDMA als Party-Drog geholl haten. Dëser Etüd no wieren d'traumatesch Konsequenze bei dëse Persoune manner schwéier wéi bei deenen, déi zu där Zäit keen MDMA am Blutt haten.

Back to Top
CIM LOGO