Bundespolizei deelt matNigerianer, dee vu Lëtzebuerg via Mandat d'arrêt gesicht gouf, ausgeliwwert

RTL Lëtzebuerg
Um Grenziwwergang zu Waasserbëlleg gouf en 32 Joer ale Mann aus dem Nigeria un d'Lëtzebuerger Police iwwerginn.
© MATTHIAS BALK/dpa Picture-Alliance via AFP

Wéi et vun der däitscher Police heescht, gouf de Mann vum Grand-Duché via europäesche Mandat d'arrêt gesicht. Hie war zu 18 Méint Prisong verurteelt ginn, well hien a méi Fäll mat Kokain gedealt hat.

D'Bundespolizei preziséiert, datt de Mann nach 434 Deeg vu senger Strof zu Lëtzebuerg misst ofsëtzen.

Back to Top
CIM LOGO