Korrespondenz vum Georges ZensNo der Annonce vum Joe Biden stinn nach vill Froen op

RTL Lëtzebuerg
Déi leschte Kéier, wéi en amtéierende President decidéiert hat, net fir seng eegen Nofolleg ze kandidéieren, war am Joer 1968 de Lyndon Johnson.

E Sonndeg huet den US-President Joe Biden bekannt ginn, dass hien als Kandidat fir seng eegen
Nofolleg zerécktrëtt. Hien huet och recommandéiert, dass seng Vizepresidentin Kamala Harris hie sollt
als Kandidatin ersetzen. Wéi et elo virugeet, dat weess nach keen esou genau.

Joe Biden out - Eng Korrespondenz vum Georges Zens

Dem Joe Biden seng Deklaratioun koum zwar net ganz onerwaart, mee se war trotzdeem eng Iwwerraschung. Zanter dem Debakel am Live-Debat mam republikanesche Präsidentschaftskandidat Donald Trump virun elo bal 4 Wochen, war den Drock op den Joe Biden, als Kandidat zeréckzetrieden, ëmmer méi grouss ginn. Hien huet allerdéngs mordicus behaapt, hie wier fit, an an engem rezenten Interview mat der Televisiounschaîne ABC huet hien erkläert, nëmmen den Herrgott kéint hien dovun iwwerzeegen, sech zréckzezéien.

Ma d’lescht Woch huet hie Covid kritt a vläicht war dat fir hien en Zeeche vun uewen, dass et un der Zäit wier. Sou oder sou, säi Récktrëtt als Kandidat geheit de ganze Walkampf op d’Kopp, an dat esouwuel bei den Demokraten, wéi och bei de Republikaner.

Bei den Demokrate mussen elo déi iewescht Parteigremie séier decidéieren, wéi et virugeet, well fir dës Situatioun gëtt et keen direkte Präzedenzfall. Déi leschte Kéier, wée en amtéierende President decidéiert hat, net fir seng eegen Nofolleg ze kandidéieren, war de Lyndon Johnson am Joer 1968. Hien hat seng Deklaratioun awer vill mi fréi am
Walkampf gemaach, ier an deene meeschte Staaten d’Virwale gelaf waren.

Dës Kéier ass dat anescht. D’Virwale sinn eriwwer, an den Joe Biden hat bal all d’Delegéiert gewonnen. Zwar huet hie si mat sengem Récktrëtt elo fräigestallt, mee dat wëll awer net soen, dass si och fir seng designéiert Nofollgerin, d’Vizepresidentin Kamala Harris, wäerte stëmmen. Den Demokraten hiren Nationalkongress ass vum 19. bis den 22. August zu Chicago, a bis dohi mussen elo ganz séier d’Weichen nei gestallt ginn.

D’Kamala Harris huet direkt de Support vu villen demokratesche Gouverneuren, Membere vum Kongress an anerer Prominenz kritt, dorënner och vum Bill an Hillary Clinton. Et ass bis elo nach net gewosst, ob d’Kamala Harris Konkurrenz wäert kréie fir d’Presidentschaftskandidatur. An dann ass och nach d’Fro, wien dann als Vizepresident mat op den Ticket kënnt.

D’Republikaner fir hiren Deel hunn alt emol scho virsiichtshallwer domat ugefaangen, sech op d’Kamala Harris anzeschéissen.

Back to Top
CIM LOGO