
Déi amerikanesch Autoritéite warne virun enger seelener Nervenerkrankung no enger Impfung vun Johnson & Johnson.
Dosende Fäll vum sougenannte Guillain-Barré-Syndrom goufe gemellt: Eng 100 Fäll bei 12,5 Milliounen Impfdosisse vun Johnson & Johnson. A 95 Fäll koumen d‘Patienten an d‘Spidol. Ee Mënsch ass verscheet.
De Guillain Barré-Syndrom ass eng neurologesch Krankheet un den Nerven. Et huet ee Problemer beim Goen, mat der Mimik oder e komescht Gefill an Äerm a Been. Dat ka bis zur Lämung goen, déi awer meeschtens verschwënnt.
Och no aneren Impfungen, zum Beispill der Grippenimpfung, kann et zu deem Syndrom kommen. An Däitschland goufen och sou Fäll no enger Impfung mam AstraZeneca-Impfstoff gemellt an ënnersicht.
Bei enger Impfung mam Vaccin vu Biontech a Moderna besteet dann de Risk vun enger Häerzmuskelentzündung, virun allem bei jonke, meeschtens männleche Persounen.
Et kënnt awer just a seelene Fäll no enger mRNA-Impfung zu enger Häerzmuskelentzündung (Myokarditis) oder enger Häerzbeidelentzündung (Perikarditis), sou d’Europäesch Medikamentenagence Ema an d’Weltgesondheetsorganisatioun WHO.
D’EU-Agence huet dowéinst proposéiert, déi 2 Erkrankungen als nei Niewewierkung an der Fachinformatioun vu béide Vaccinen, Biontech a Moderna, opzehuelen. D’Analys baséiert sech op 145 Fäll vun enger Myokarditis no enger Impfung mat Biontech an 19 Fäll no der Impfung mat Moderna.