Andréck aus dem QuebecNo méintelaanger Fermeture kënnt e Restaurateur bei eis zu Wuert

RTL Lëtzebuerg
D’lescht Joer am Mäerz hunn d’Restauranten am Québec, wéi iwwerall soss op der Welt, hir Dieren zougemaach...

D’Korrespondenz aus dem Kanada vum Nadine Kremer

Net nëmmen zu Lëtzebuerg huet den Horeca Secteur schonn zanter Méint hir Dieren zou. Och am Kanada duerfte Restaurateure laang keng Clienten empfänken. Virun zwou Woche koumen dunn endlech d’Lockerungen. D’Nadine Kremer huet mat engem kanadesche Restaurateur iwwer dat lescht Joer geschwat. Eng Korrespondenz vu Québec City.

D’lescht Joer am Mäerz hunn d’Restauranten am Québec, wéi iwwerall soss op der Welt, hir Dieren zougemaach. Deemools war et am Accord mat der Regierung, esou de Marc-Antoine Muñoz, Proprietär vun engem Restaurant zu Québec City: “Le téléphone sonnait juste pour annuler les résérvations, les clients ne voulaient pas venir, le monde avait peur. On pensait fermer pour sauver nos vies, donc on pensait être correct là.”

D’Freed war grouss wéi en am Juni erëm konnt opmaachen. Mee dunn koum déi zweet Well. Den 28 September huet de Restaurateur nees missen zouspären. Deemools war hien awer net mat der Entscheedung averstanen, well soss alles opbliwwen ass, ausser Fitnesser a Restauranten: “Tout restait ouvert là. Les centres d’achat restaient ouverts, IKEA pouvait accueillir 2000 clients à la fois et nous on ne pouvait même pas accueillir deux tables de quatre.”

D’Restaurateuren hätte sech wéi d’Affer vun der Regierung gefillt. Deemools gouf et an den Altersheemer immens vill Fäll. Et wier, wéi wann d’Regierung gehofft hätt, dass d‘Personal aus de Restauranten sou wäit wéi méiglech an de Fleegeheemer aushëllefe géif, fënnt de Marc-Antoine Muñoz.

Des zweet Fermeture war eigentlech fir 28 Deeg geplangt. Aus engem Mount goufen der sechs, esou dass d‘Gastronomie schlussendlech eréischt den 8. Mäerz hir Dieren nees konnt opmaachen.

D’Krittäre vun der Regierung si ganz kloer: maximal zwee Erwuessener pro Dësch an déi mussen op 2 Meter Distanz vunenee stoen. De Marc-Antoine Muñoz seet, dass d’Reouverture ee grousse Succès ass: “La clientèle est là. On est complet demain. On est complet après-demain. Ça roule là. Les gens veulent aller au restaurant. Manifestement, les gens veulent y aller, ils veulent sortir.”

An trotzdeem fillt hie sech vun der Regierung am Stach gelooss, well den Horeca Secteur nëmme 5 Deeg Zäit krut, fir d‘Reouverture virzebereeden, wat bei wäitem net genuch wier.

Positiv gesäit hien allerdéngs déi ganz Hëllefen, déi d’Restaurateuren iwwer d’lescht Joer vum Staat kruten, duerch déi de Gros d’Kris iwwerlieft huet an elo virun zwou Wochen erëm opmaache konnt. Säin Credo fir d’Zukunft ass kloer : “Les craintes c’est qu’ils nous referment, l’espoir qu’ils nous laissent ouvert. Le reste – on va s’arranger.”

Vu Québec City,

Nadine Kremer

Back to Top
CIM LOGO