WashingtonNo Schëss op Nationalgardisten: Verdächtege plädéiert op "net schëlleg"

AFP
Knapp eine Woche nach den Schüssen auf zwei US-Nationalgardisten in Washington hat der Tatverdächtige auf nicht schuldig plädiert. US-Medien berichteten, der Richter habe fortgesetzte Untersuchungshaft für den Afghanen angeordnet.
© AFP

Knapps eng Woch, nodeems zu Washington op zwee US-Nationalgardiste geschoss gouf, huet de Verdächtege bei enger Unhéierung viru Geriicht op “net schëlleg” plädéiert.

D’Chaîne CNN an aner US-Medie beriichten en Dënschdeg, d’Riichterin hätt eng weider Untersuchungshaft fir den Afghan bis zu der nächster Unhéierung viru Geriicht Mëtt Januar ordonéiert. De Parquet geheit dem Mann vir, eng Zaldotin ermort ze hunn a probéiert ze hunn, hiren Aarbechtskolleeg ze ermorden.

Den 29 Joer ale Rahmanullah L. war d’lescht Woch ënnert dem Verdacht festgeholl ginn, am Zentrum vu Washington eng Zaldotin an en Zaldot néiergeschoss ze hunn. Déi 20 Joer al Fra ass kuerz nom Ugrëff gestuerwen, de 24 Joer ale Mann gouf schwéier blesséiert. De presuméierten Täter gouf och blesséiert an huet per Videokonferenz aus sengem Spidolsbett un der Unhéierung deelgeholl.

De Verdächtege war US-Medieberichter no am Joer 2021 nom Ofzuch vun den US-Truppen aus dem Afghanistan am Kader vun engem offiziellen Opnameprogramm an d’USA agereest. Hien hat a senger Heemecht ënnert anerem mat der CIA zesummegeschafft. Berichter no hat hien 2024 Asyl ugefrot, wat him am Abrëll 2025 accordéiert gouf - also nom Amtsuntrëtt vum US-President Trump.

D’Ministesch fir Bannescht Sécherheet, d’Kristi Noem, sot de Weekend, de presuméierten Täter hätt sech warscheinlech no senger Arees an d’USA “radikaliséiert”. An US-Medien, déi sech op Hëllefsorganisatioune beruffen, heescht et dogéint, de Mann hätt vun 2023 u psychesch Probleemer gewisen a sech ëmmer méi isoléiert. Eng Radikaliséierung wier dogéint net erkennbar gewiescht.

Back to Top
CIM LOGO