Suite vun den Terror-AttackenNom 11. September war d'Loft zu New York gesondheetsschiedlech

AFP, iwwersat vun RTL
Bannent de leschte knapp 25 Joer si méi Leit zu New York un de Suitte vun den Attacke gestuerwen, wéi bei den Attacken den 11. September selwer.
Den éischte vun den zwee Tierm vum fréiere World Trade Center zu New York fält an e Koup, nodeems e Fliger an dëse gerannt ass.
Den éischte vun den zwee Tierm vum fréiere World Trade Center zu New York fält an e Koup, nodeems e Fliger an dëse gerannt ass.
© AARON MILESTONE/AFP

Kuerz virum 25. Joresdag vum 11. September huet den New Yorker Buergermeeschter Zohran Mamdani eng 170.000 Dokumenter publizéiert, aus deenen ervirgeet, wéi schlecht d‘Loftqualitéit kuerz no den Attacken zu Manhattan war. Dat obschonn deemools verséchert gouf, et géif keng Bedenke fir de Public. Quasi iwwerall ronderëm Ground Zero wier deemools Asbest an der Loft fonnt ginn. Leit si krank ginn, well déi Responsabel gelunn hunn, esou de Mamdani en Dënschdeg op enger Pressekonferenz.

Offiziellen Zuelen no wieren antëscht iwwer 9.400 Leit gestuerwen, well si der belaaschter Loft ausgesat waren. Bei den Attacke selwer waren deemools 2.977 Leit ëm d'Liewe komm.

Back to Top
CIM LOGO