DäitschlandNom Virfall mat der Sprengstoff-Dron zu Leipzig war den Nationale Sécherheetsrot beieneen

RTL Lëtzebuerg
Ee Sujet war, wéi d'Ofwier vun Drone verbessert ka ginn. D'Diskussioun gouf geleet vum däitsche Kanzler Friedrich Merz.
© JOHN MACDOUGALL/AFP

De Parquet huet d'Enquête iwwerholl a geet ënner anerem vu versichter Sprengstoffexplosioun a geféierlechem Agrëff an de Loftverkéier aus. D'Dron war nieft ukrainesche Cargofligere fonnt ginn an de Fluchhafe gëllt als wichteg Dréischeif fir militäresch Hëllefsliwwerungen un d'Ukrain.

Den Inneminister Alexander Dobrindt schwätzt vun enger neier Menace. Beweiser fir eng méiglech Bedeelegung vu Russland ginn et bis elo net, och wann dee Verdacht am Raum steet.

Politiker a Sécherheetsexperte fuerderen elo méi kloer Kompetenzen an eng besser Koordinatioun bei der Dronenofwier.

De Chef vun der Münchener Sécherheetskonferenz, Wolfgang Ischinger, plädéiert fir eng zentral Organisatioun, wärend de brandenburgeschen Inneminister Jan Redmann wëll, datt Bedreiwer vu kritescher Infrastruktur sech an Zukunft och selwer géint Dronenattacke kënne verdeedegen.

Back to Top
CIM LOGO