UgandaNoriichtespriecher gëtt neie Monarch am klenge Kinnekräich Toro

RTL mat AFP
Den Omukama Edward Rukidi Kijanangoma Nyabongo I. ass sengem verstuerwene Cousin Oyo Nyimba Kabamba Iguru Rukidi IV. säin Nofollger um Troun.
Den neie Kinnek vun Toro gëtt erwaart.
Den neie Kinnek vun Toro gëtt erwaart.
© BADRU KATUMBA/AFP

Zanter en Dënschdeg ass den Omukama Edward Rukidi Kijanangoma Nyabongo I. neie Monarch vum klenge Kinnekräich Toro an Uganda. No engem symbolesche Kampf huet hien an der Nuecht op en Dënschdeg de kinnekleche Palais zu Fort Portal eruewert an domat seng Herrschaft ugetrueden. Seng Fra Rebecca Amoding Rukidi ass zur neier Kinnigin ausgeruff ginn.

Hien ass de Successeur vu sengem Cousin Kinnek Oyo Nyimba Kabamba Iguru Rukidi IV., deen Enn August am Alter vun nëmme 34 Joer u Kriibs gestuerwe war.

Eng Kommissioun vum Kinnekshaus hat den Noriichtespriecher zu sengem Nofollger bestëmmt. D'Mamm vum verstuerwene Kinnek hat d'Entscheedung ugefecht a gefuerdert, ee bis dohin onbekannte Jong vun hirem Fils misst d'Kroun kréien. D'Kommissioun hat déi Propos awer refuséiert, well de presuméierte Prënz - der Traditioun entspriechend - ni unerkannt gi war.

Toro ass eent vu véier traditionelle Kinnekräicher am fréiere brittesche Protektorat Uganda. Laut Verfassung vum ostafrikanesche Staat hunn déi Kinnekshaiser haut just nach traditionell a kulturell Aufgaben.

Back to Top
CIM LOGO