KI-Leader mat Hardware-AnnonceNvidia klëmmt an de Laptop-Maart eran

RTL Lëtzebuerg
De Chipproduzent Nvdia huet ugekënnegt, am Hierscht nei Windows-Laptoppen mam Numm "RTX Spark" op de Maart ze bréngen.
© I-HWA CHENG/AFP

Dem CEO Jensen Huang no sollen dës Apparater eng nei Generatioun vu PCen duerstellen a méi staark si wéi vill aktuell Konkurrenzproduiten.

Déi nei Laptoppe kombinéieren CPU, Grafikleeschtung a kënschtlech Intelligenz an engem eenzege Chip. Domat riicht sech Nvidia net méi nëmmen un Entwéckler, mee och un normal Benotzer.

Mat dësem Schrëtt trëtt Nvidia a direkten Konkurrenzkampf mat Apple, AMD, Intel a Qualcomm.

Back to Top
CIM LOGO