Dem Donald Trump säin Diesel-Deal mat Russland a seng schaarf Kritik um ukrainesche President, hie wär kee gudde Mann fir Verhandlungen: Der EU hir Relatiounen mat den USA sinn aktuell nees an enger manner gudder Phas.
Dee Wolodymyr Selenskyj war um Freideg perséinlech zu Bréissel. Op d'mannst do kann d'Ukrain sech hirer Ënnerstëtzung nach sécher sinn. Dorun huet de Rotspresident Antonio Costa keng Zweiwele gelooss. An no vir gekuckt. D‘Ukrain wär fläisseg am gaangen, sech un EU-Standarden unzepassen, fir iergendwann selwer Member ze ginn.
Den Antonio Costa, EU-Rotspresident: "Matzen an engem schreckleche Krich verbessert dir iech a maacht Reformen. Merci, dir sidd exemplaresch. Dir kënnt ëmmer op eis zielen."
Richteg Europäer halen zesummen, ass de Message. Virop wann d‘USA Russland nees un enger méi laanger Léngt loossen, wëll d‘EU net labber loossen.
D?Ursula von der Leyen, EU-Kommissiounspresidentin:"Mir wäerten keng Sanktiounen ophiewen bis Russland de Krich stoppt."
Vum Trump op en neits ëffentlech virgefouert, déi Kéier kann de Selenskyj sech eng indirekt Pick a Richtung Republikaner-Leader Trump net verknäifen.
De Wolodymyr Selenskyj, ukrainesche President:
„Mir sinn dankbar fir de grousse Support vun der EU an hire Leaderen. Richteg Leaderen. Déi vun Ufank un hannert eis stinn. Dat ass kruzial a mir zielen op d‘Ënnerstëtzung. Mir brauchen virop Energie. A mir wëllen de Krich natierlech, esou séier ewéi méiglech op en Enn bréngen.“
Indicë vu russescher Säit gëtt et wéineg dofir. Heescht: d‘Ukrain ka sech alt nees op en haarde Wanter preparéieren. Ëmmer geet et awer och ëm d‘Finanzéierung vun der Defense. De Selenskyj mécht et kuerz: weider 70 Milliarden Euro bréicht d‘Ukrain fir d‘nächst Joer. Iwwerliewenskampf.
De Friedrich Merz, däitsche Bundeskanzler:
"Mir haten hinnen fir d‘Joren 2026 an 2027 schonn 90 Milliarden Euro zougesot. Et ass kloer, dass dat net duergoe wäert. Mir, respektiv d‘Kommissioun, mussen elo kucken, wéi vill gebraucht gëtt a wéi dat finanzéiert ka ginn."
Wéi ofhängeg d‘Ukrain am Krich awer vun US-amerikaneschen Technologien ass, gëtt däitlech wann den Elon Musk säi Satellitte-Kommunikatiounsservice Starlink an der Ukrain drosselt. Da kënnen d‘Dronen net richteg gesteiert ginn. Der EU-Chefdiplomatin Kaja Kallas blouf näischt anescht iwwreg ewéi ze soen, nee, et gëtt nach keng europäesch Alternativ.
D‘Thema Kompetitivitéit: Eng Rei Länner wëllen nei EU-Instrumenter fir méi e faire Weltmarché. Iwwerproduktioun, Präis-Dumping, onfair Subventiounen an aner Methoden déi der europäescher Ekonomie schueden, sollen ënnerbanne ginn. China gëtt net ausgeschwat, mä China ass gemengt. U Safeguards, Limitte bei Importer virop an der Automobilbranche, gëtt geschafft. Oder méi streng nach: Noutschalter, e roude Knäppchen fir ganz Länner, déi schueden, direkt vum europäesche Marché auszeschléissen. D‘Kommissioun muss elo schaffen.
Nom Sommet huet den däitsche Bundeskanzler Merz dann nach fir d‘Automobilindustrie gesot: Technologie-Oppenheet a Klimaziler e bësse méi labber maachen.
De Friedrich Merz, däitsche Bundeskanzler:
"Ech maachen et kuerz: D‘Verbrenner aus dierft Geschicht sinn."
Et kann een et esou gesinn: D‘EU ass handlungsfäeg.
Et kann een awer och soen, dass d‘EU-Staats- a Regierungscheffen sech nees vill net eens waren. Éiweg laang Budgetsnegociatiounen quasi ouni Progrès an d‘Zäit leeft. Bis Enn dës Jores soll e stoen. Dofir soll extra am November e weidere Budgetssommet hei organiséiert ginn.
Och an der Migratiounsfro, vill Diskussioun. A beim Thema Ukrain gouf et och scho besser Stëmmung, elo wou mam Trump nees de Wuerm dran ass.