Zentralafrikanesch RepublikOp d'mannst 100 Doudeger no Äerdrutsch an enger Goldminn

RTL mat AFP
Bei engem Äerdrutsch an enger illegaler Goldminn sinn der Noriichtenagence AFP no op d'mannst 100 Leit an der Zentralafrikanescher Republik ëm d'Liewe komm.
Aarbechten an enger Goldminn.
Aarbechten an enger Goldminn.
© ALEXIS HUGUET/AFP

Sëllege weider Persoune goufe beim Ongléck e Mëttwoch am Nomëtteg blesséiert. Am Internet zirkuléiert iwwerdeems och e Video vum Äerdrutsch an der Minn un der Grenz zum Kamerun, an där um Ament vum Ongléck honnerte Goldgriewer geschafft haten. Och véier kamerunesch Staatsbierger sollen ënnert den Doudege sinn. Vun engem zentralafrikanesche Deputéierten heescht et, d'Situatioun wier den Ament nach oniwwersiichtlech an et wier nach schwéier, e Bilan ze zéien. Aus dem Kamerun heescht et, et géif een enk mat de Kolleegen aus der Zentralafrikanescher Republik zesummeschaffen, fir d'Ëmstänn opzeklären an d'Konsequenze vun dëser Tragedie ze bewältegen.

Schonn am Juni ware bei engem änlechen Accident an enger anerer Goldminn, och un der Grenz zum Kamerun, Dosende Leit gestuerwen. Am Weste vum Land waren dann och Mëtt Mäerz siwe Leit bei engem Äerdrutsch an enger Minn ëm d'Liewe komm.

Back to Top
CIM LOGO