Viru Küst vun DschibutiOp d'mannst 109 Doudeger no Schëffsongléck, iwwer 116 Leit gi vermësst

Monica Camposeo
Bei engem Schëffsongléck virun der Küst vun Dschibuti sinn der UN no op d'mannst 109 Persounen ëm d'Liewe komm, dorënner 15 Kanner. Iwwer 116 Mënsche ginn nach vermësst.
© IOM/AFP

D'Boot soll um Wee an de Jemen gewiescht sinn. D'International Organisatioun fir d'Migratioun IOM huet matgedeelt, datt um Boot Leit aus Äthiopien waren, déi aus hirem Land flüchte wollten.

Dschibuti ass als Ausgangspunkt fir de Fluchtwee a Richtung arabesch Hallefinsel bekannt. Vill Leit erhoffe sech do eng Aarbecht a méi Stabilitéit. D'Route iwwert de Jemen ass awer dacks vu Gewalt, Ausbeutung a Mënschenhandel gepräägt, warnt d'IOM.

Back to Top
CIM LOGO