
Bei de "massiven" Attacke wiere Wunngebidder an Depote getraff ginn, heescht et vum Buergermeeschter Vitali Klitschko op Telegram. Am Ganze wieren an der Haaptstad 12 Leit ëmkomm an 33 weiderer blesséiert ginn.
Bei den Attacken zu Kiew goufen dem Klitschko no Wunngebaier, eng medezinesch Struktur an eng Bildungsstruktur beschiedegt. Bei enger weiderer Attack am Bezierk Browary an der Regioun ronderëm d'ukrainesch Haaptstad wier ee Mann ëm d'Liewe komm, ee weidere wier blesséiert ginn. Donieft wier eng Industrieanlag beschiedegt ginn, woubäi e Feier ausgebrach wier.
Déi russesch Attacken an der Ukrain huet och an aneren Nato-Länner Alarm ausgeléist. Déi polnesch Arméi hat matgedeelt, datt ee Fligere mobiliséiert an d'Loftverdeedegung aktivéiert hätt, fir de polnesche Loftraum ze schützen, virun allem an de Gebidder, déi un d'Ukrain grenzen.
De rumänesche Verdeedegungsministère huet erkläert, datt Radarsystem an der Nuecht Loftziler an der Géigend vun der ukrainescher Grenz registréiert hätt. Doropshi wieren zwee spuenesch Kampfjetten, déi am Kader vun Nato-Asätz a Rumänien sinn, zesumme mat engem Helikopter vun der rumänescher Loftwaff gestart. Eng Dron wier an der Géigend vu Galati an de rumänesche Loftraum agedrongen, éier se an en onbewunnt Gebitt gefall wier.
Déi russesch Autoritéite mellen iwwerdeem ukrainesch Dronenattacken. An der Nuecht op en Donneschdeg wieren 250 Drone Richtung Moskau geflunn, wéi de Buergermeeschter vun der russescher Haaptstad, de Sergej Sobjanin, matgedeelt huet. De gréissten Deel vun den Drone wier awer wäit viru Moskau zerstéiert ginn.
Russland an d'Ukrain hu béid hir Attacken an de leschte Méint verstäerkt. Déi russesch Truppe setzen dobäi ëmmer méi Laangstreckewaffen an, fir Stied an der ganzer Ukrain unzegräifen. Den ukraineschen Zaldote géingen allerdéngs Loftofwierrakéite feelen, fir déi russesch Attacken ze stoppen.