An illegaler GoldminnOp d'mannst 13 Doudeger no Äerdrutsch a Kolumbien

AFP, iwwersat vun RTL
Geschitt ass den tragesche Virfall am Südweste vum südamerikanesche Land.
Dës Foto ass eng Archiv-Foto a gouf an enger Minn zu Lëtzebuerg gemaach.
© Christophe Hochard

Bei engem Äerdrutsch an enger illegaler Goldminn a Kolumbien sinn op d'mannst 13 Mënschen ëm d'Liewe komm.

Siwe weider Persoune goufe beim Ongléck an der Provënz Nariño am Südweste vu Kolumbien e Mëttwoch den Owend blesséiert, sou Vertrieder vun der Regionalregierung en Donneschdeg. "Wéinst Beweegungen an der Minn ass e Rampli iwwert de Leit agestierzt", sou e Vertrieder dem Sender Caracol géigeniwwer.

Medien aus der Regioun weise Biller vu Baggeren, déi op engem ganz géien Terrain am Asaz sinn. Accident am Biergbau sinn a Kolumbien keng Raritéit, virun allem an illegale Minnen ouni Sécherheetsmesuren.

Back to Top
CIM LOGO