
Ënnert den Doudege wiere fënnef Polizisten, huet ee Policevertrieder der Noriichtenagence AFP géigeniwwer erkläert. "Véier Ugräifer, dorënner ee Sniper an ee Selbstmordattentäter, sinn ëmkomm", huet hie preziséiert.
Den Ugrëff war deemno beim historesche Policebüro zu Kohat an der pakistanescher Provënz Khyber Pakhtunkhwa. D'Police hätt d'Ermëttlungen opgeholl, esou de Policechef vun der Provënz, den Zulfiqar Hameed. Ee Vertrieder vun de Secouristen, de Bilal Ahmed Faizi, sot, méi wéi 45 Secouriste wieren op der Plaz gewiescht.
Fir d'éischt huet sech keen zu der Attack bekannt. De pakistanesche President Asif Ali Zardari huet déi pakistanesch Taliban fir d'Dot verantwortlech gemaach. Déi "komplett Eliminéierung" vun der Grupp a "vun Terroristen, déi mat auslännescher Ënnerstëtzung virginn, ass onerlässlech", esou den Zardari.
De Pakistan huet scho méi dacks déi afghanesch Kämpfergrupp Tehreek-e-Taliban Pakistan (TTP) verantwortlech gemaach. D'Taliban-Regierung am Afghanistan streit eng Bedeelegung of. D'Virwërf hunn zu massive Spannungen an arméierten Ausernanersetzungen tëscht de béiden Nopeschlänner gefouert. Bei pakistanesche Loftugrëff am Juni an Afghanistan waren der UN no Dosenden Ziviliste gestuerwen.