
Am Nepal goufe ganz Dierfer wéinst Iwwerschwemmungen am Grenzgebitt mat ewechgespullt, déi duerch staarke Reen ausgeléist goufen. No engem virleefege Stand hätt et vun 384 Touriste kee Liewenszeeche ginn, dorënner 291 Auslänner, huet et vun der nepaleesescher Tourismusagence e Mëttwoch geheescht. D'Waasser- a Bullismassen hu ganz Uertschaften an d'Infrastruktur an der nepaleesescher Provënz Bagmati zerstéiert, wéi ënner anerem och a Videoopnamen ze gesi war.
D'Autoritéite schaffen dorunner, den Openhalt vun den Touristen ze klären, esou d'Agence. D'Police huet bis ewell 19 Doudesaffer confirméiert, déi aus den Iwwerreschter gebuerge goufen. D'Ausmooss vun der Katastroph ass allerdéngs nach onkloer an d'Policebeamte konnten zu ville vun hiren Aarbechtskollegen an de betraffene Gebitter nach kee Kontakt hierstellen. Et ass ze erwaarden, datt d'Zuel vun den Doudegen nach klëmmt.
"Ech hu gesinn, wéi d'Waassermassen aacht oder néng Camione mat ewechgerappt hunn, donieft Haiser a Mënschen", esou de Léierer Suman Chalise aus dem nepaleesesche Bezierk Nuwakot. "Et war ganz schlëmm. Esou eng Zerstéierung hunn ech nach ni gesinn." D'nepaleesesch Arméi huet Helikopteren a Rettungstrupps an d'Katastropheregioun geschéckt. Eng Rei grouss Verkéiersachse si blockéiert.
Déi chineesesch Staatstëlee hat een Äerdrutsch gemellt am Tibet am Grenzgebitt zum Nepal. Zu der Zuel vun den Doudegen an de Blesséierte sot d'Regierung zu Peking an engem éischten Ament awer näischt. Op der Tëleeschaîne ware Biller ze gesinn, wéi eng Waasserflut Äscht an Trümmer mat sech gerappt huet.