
De lokale Secouristen no wieren iwwerdeems bis ewell sechs Persoune blesséiert an zwou nach vum Debris verschott. D'Flores-Insel, déi vum Biewe getraff gouf, läit am Oste vum Land. Besonnesch bei Touristen ass se beléift als Iwwergang op d'Komodo-Inselen. Uganks goung nach vu just engem Doudege Rieds. D'Autoritéiten haten och eng Tsunami-Warnung erausginn an eng Evakuéierung vun de Küste-Gebidder ordonéiert, méi spéit gouf den Alarm awer nees opgehuewen.
Den Epizenter soll eng 70 Kilomerer vun der Nordküst vun der Insel geleeën hunn. Nom éischte Biewe koumen nach eng Rei staarker no, dorënner eent mat enger Stäerkt vu 6,1. Wéinst senger Lag am sougenannte "Pazifesche Feierrank" gëtt Indonesien ëmmer nees vun Äerdbiewe getraff. Ganz uerg war beispillsweis d'Äerdbiewen- an Tsunami-Katastroph an der Provënz Aceh aus dem Joer 2004, bei där eleng an Indonesien 170.000 Leit ëm d'Liewe koumen.