
D'Afferzuel vum Dronenugrëff e Freideg den Owend kéint dem Gouverneur Tymur Tkatschenko nach klammen. Geschitt ass de russeschen Ugrëff am Duerf Myla am Bezierk Butscha. E Feier wier ausgebrach an et wier zu e puer Explosioune komm.
Et koum an de leschte Méint tëscht Russland an d'Ukrain ëmmer méi zu Laangstrecken-Ugrëff an et si virun allem zivil Infrastrukturen wéi Lagerhale souwéi Pëtrols- an Hafeninfratsrukturen. Bei dësen Ugrëff ginn et ëmmer méi zivil Affer.
Nom Ugrëff zu Myla huet de Parquet Ermëttlunge lancéiert wéinst dem Verdacht, dass um Terrain illegal explosiivt Material gelagert gewiescht wier. Et gëtt och iwwerpréift, ob d'Firma all néideg Geneemegungen hat.