Daach vu Schoul an e Koup gefallOp d'mannst 28 Doudesaffer am Pakistan

AFP, iwwersat vun RTL
Et wier dovun auszegoen, dass weider Schüler ënnert dem futtissen Daach ageklemmt sinn, sou e Spriecher vum pakistanesche Rettungsdéngscht
Iiwwer 60 Secouriste wiere beim Rettungsasaz op der Plaz gewiescht.
© HANDOUT/AFP

Zu Peshawar am Nordweste vu Pakistan sinn op d'mannst 27 Schüler an eng Léierkraaft gestuerwen, wéi den Daach vun enger Schoul an e Koup gefall ass. Donieft wieren op d'mannst 30 Leit beim Tëschefall blesséiert ginn, sou eng Source aus engem lokale Spidol géigeniwwer der Noriichtenagence AFP.

Engem Spriecher vum pakistanesche Rettungsdéngscht no wieren d'Kanner erschloe ginn, wéi den Daach iwwert engem Klassesall an e Koup gefall ass. Et wier dovun auszegoen, dass weider Schüler ënnert dem futtissen Daach ageklemmt sinn. 16 Ambulanzen, zwee Gefierer vum Katastropheschutz an iwwer 60 Secouriste wiere beim Rettungsasaz op der Plaz gewiescht.

Back to Top
CIM LOGO