Bëschbränn a KroatienOp d'mannst 36 Blesséierter, Police mellt Decouverte vun enger Läich

AFP, iwwersat vun RTL
Knapps 300 Pompjeeën an 93 Gefierer waren an der Nuecht op e Freideg am Asaz, fir d'Flamen z bekämpfen.
© MIROSLAV LELAS/AFP

Wéinst Bëschbränn un der Adria-Küst vu Kroatien hunn iwwer 2.000 Leit missen aus hiren Haiser respektiv Vakanzewunnenge verdriwwe ginn. Op d'mannst 36 Leit goufe blesséiert, zéng vun hinne goufen an d'Urgence ageliwwert. Kuerz viru 16 Auer e Freidegnomëtteg huet d'Police iwwerdeems matgedeelt, dass een zu Lokva Rogoznica, wou d'Feier ausgebrach ass, de Kierper vun enger verstuerwener Persoun fonnt hätt.

An der Géigend vum Vakanzenduerf sinn honnerten Hektar Bësch zerstéiert ginn, éier d'Pompjeeën e Freidegmoie matgedeelt hunn, dass d'Situatioun sech esou lues géing entspanen. Dem Chef vun de Pompjeeë Slavko Tucakovic no géing et sech ee vun de schlëmmste Bëschbränn handelen, deen et zanter Joerzéngten am Land gouf. Zanter en Donneschdegowend wieren tëscht 900 an 1.000 Hektar Bësch zerstéiert ginn. E Freidegnomëtteg hätt d'Situatioun sech awer berouegt an et géif keng oppe Feier méi ginn.

Knapps 300 Pompjeeën an 93 Gefierer waren an der Nuecht op e Freideg am Asaz, fir d'Flamen ze bekämpfen. Iwwerdeems waren och véier kanadesch Läschfliger bereet, fir weider Ënnerstëtzung ze liwweren. Dës goufen awer e Freideg awer a Richtung Südengeschéckt, fir bei engem weidere Feier op der Hallefinsel Peljesac agesat ze ginn.

Zanter ugangs des Joers wieren den Autoritéiten no bal 10.000 Hektar Bësch a Kroatien duerch Feier zerstéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO