Am JemenOp d'mannst 50 Doudeger bei Huthi-Rakéitenugrëff

RTL mat AFP
D'Huthi-Miliz huet am Jemen eng Base vum Militär ugegraff. Dobäi sinn op d'mannst 50 Persounen ëm d'Liewe komm, méi wéi 100 weiderer wiere blesséiert ginn.
De Jemen gëtt ëmmer rëm vun der Huthi-Miliz ugegraff.
De Jemen gëtt ëmmer rëm vun der Huthi-Miliz ugegraff.
© MOHAMMED HUWAIS/AFP

Bei enger Rakéitenattack op eng Militärbasis sinn am Jemen op d'mannst 50 Persounen ëm d'Liewe komm. Méi wéi 100 weiderer wiere blesséiert ginn, sou e Regierungsvertrieder géintiwwer der Noriichtenagence AFP. Den Ugrëff huet sech géint eng Base vun de Regierungstruppe geriicht, déi an der Provënz Shabwa läit, déi vun der Miliz kontrolléiert gëtt.

D'Spideeler wieren iwwerfuerdert mat de ville Blesséierten, heescht et vun der Plaz. Verschiddener géingen a Liewensgefor schwiewen. Déi besonnesch komplizéiert Fäll wieren op Aden bruecht ginn, wou déi international unerkannte Regierung hire Sëtz huet.

Déi vum Iran ënnerstëtzten Huthi-Miliz kontrolléiert Deeler vum Jemen, dorënner wäit Gebidder am Norden an d'Haaptstad Sanaa. Mam Iran-Krich, deen d'USA an Israel am Februar lassgetrëppelt haten, ass och erëm de Konflikt am Jemen eskaléiert.

Back to Top
CIM LOGO