
Bei enger Dronenattack op e Maart am Süde vum Sudan sinn de lokalen Autoritéiten no op d'mannst 53 Leit ëm d'Liewe komm. Den Ugrëff wier vun der sudaneesescher Arméi ausgaangen, sou d'Verwaltung vun der Regioun Abyei. 27 weider Persoune wieren esou schwéier blesséiert, dass d'Zuel vun den Affer nach klamme kéint. Ënnert den Doudege wiere Fraen, Kanner, eeler Leit, Händler a Flüchtlingen.
Souwuel de Sudan, wéi och de Südsudan beusprochen d'Regioun Abyei fir sech. Den Ausseministère vum Südsudan huet d'Attack schaarf verurteelt an de sudaneeseschen Ambassadeur abestallt. Am Sudan liwwere sech zanter méi wéi dräi Joer d'Arméi vum Militär-Herrscher Abdel Fattah al-Burhan an d'RSF-Miliz vu sengem fréiere Stellvertrieder Mohamed Hamdan Daglo bluddeg Ausenanersetzungen. Méi wéi 10.000 Persoune si bis elo gestuerwen, gutt 11 Millioune Leit wieren op der Flucht.
Bei engem aneren Ugrëff mat Drone waren e Méindeg an der Stad al-Dibab op d'mannst 80 Persoune gestuerwen. De lokalen Autoritéiten no wier och déi Attack op de Kont vun der sudaneesescher Arméi gaangen. Doropshin hat d'RSF-Miliz d'Haaptstad Khartum beschoss, wat véier Leit d'Liewe kascht hat.