An indeschem Hindu-TempelOp d'mannst 7 Doudeger bei Massepanik

RTL mat AFP
19 weider Persoune wiere blesséiert an d'Spidol komm. Panik war opkomm, nodeems et geheescht hat, en elektresche Potto wier op Gleeweger gefall.
Symbolbild aus engem Hindu-Tempel
Symbolbild aus engem Hindu-Tempel
© NIHARIKA KULKARNI/AFP

Bei enger Massepanik an engem hinduisteschen Tempel an Indien sinn op d'mannst siwe Persounen ëm d'Liewe komm. 19 weider Mënsche sinn den Autoritéiten no blesséiert an d'Spidol komm.

Am Ashok-Dham-Tempel am Bezierk Lakhisarai vum ostindesche Bundesstaat Biha war et zum Virfall komm, wéi eng grouss Zuel u Leit sech versammelt hat, fir d'Hindu-Gottheet Shiva unzebieden. Zur Panik war et komm, wéi et geheescht hat, en elektresche Potto wier op Gleeweger gefall.

An Indien kënnt et wéinst schlechte Sécherheetsvirkéierunge bei groussen Usammlunge vu Mënschen ëmmer rëm zu déidleche Massepaniken. D'lescht Joer am November waren néng Persounen an engem Tempel ëm d'Liewe komm, 2024 war et bei enger grousser Priedegt zu 120 Doudege komm.

Back to Top
CIM LOGO