
Ausserdeem wieren an de Regioune Kiew, Saporischschja an Dnipropetrowsk Dosende weider Leit blesséiert ginn, deelen déi jeeweileg regional Autoritéiten en Dënschdeg mat. Bei neie russeschen Ugrëff op d'Ukrain sinn den Autoritéiten no op d'mannst néng Leit ëm d'Liewe komm. Ausserdeem wieren an de Regioune Kiew, Saporischschja an Dnipropetrowsk Dosende weider Leit blesséiert ginn, deelen déi jeeweileg regional Autoritéiten en Dënschdeg mat.
De Chef vun der Militärverwaltung vun der Regioun Saporischschja, den Iwan Federow, huet am Onlinedéngscht Telegram ee "massive" russeschen Ugrëff gemellt, mat Rakéiten a Lenkbommen. Eleng zu Saporischschja sinn dem Federow no an Ugrëff op d'mannst sechs Leit gestuerwen an 19 weiderer blesséiert ginn.
Och zu Kiew gouf an der Nuecht op en Dënschdeg nees Loftalarm ausgeléist. Reporter vun der Noriichtenagence AFP hunn an der ukrainescher Haaptstad ëm kuerz no Hallefnuecht eng reegelrecht Serie vun Explosiounen héieren. De Buergermeeschter Vitali Klitschko huet vu russeschen Ugrëff mat "ballistesche Rakéiten" geschwat.
De russesche Verdeedegungsministère huet matgedeelt, datt d'Arméi ee "koordinéierten Ugrëff mat héichprezisen buedemgestütze Waffen" ausgefouert hätt. Dobäi wieren "militäresch-industriell Betriber, genee wéi Transport- a Logistikzentren an de Stied Kiew a Saporischschja getraff" ginn.
Russland gräift aktuell bal all Nuecht massiv d'Ukrain un. Der Arméi zu Kiew feelt eegenen Aussoen no un deene richtege Loftofwierrakéiten, fir d'Attacken ofzewieren. Virun allem hofft d'Ukrain op d'Liwwerung vu weideren US-Patriot-Ofwiersystemer duerch déi Alliéiert. Déi ukrainesch Arméi gräift hirersäits ëmmer nees Ziler a Russland un.
Bal véieranhallef Joer nom Ufank vun de russeschen Ugrëff op d'Ukrain gëtt et weiderhi keng konkret Aussiichten op een Enn vum Krich.