Kiew gouf cibléiertOp d'mannst véier Doudeger bei massive russeschen Loftattacken

AFP, iwwersat vun RTL
De Chef vun der Militärverwaltung vun der Regioun Kiew, den Timur Tkatschenko, schwätzt vun enger "massiver" Attack "mat russesche Rakéiten a Kampfdronen"
© Jeannot Ries

Fir d'Rentrée an der Ukrain si bei neie russesche Loftattacken op d'Regioun Kiew den Autoritéiten no op d'mannst véier Persounen ëm d'Liewe komm. Dat deelt ënnert anerem d'Militärverwaltung zu Kiew en Dënschdeg op Telegram mat. Weider géifen et och Berichter iwwer fënnef Blesséierter ginn.

De Chef vun der Militärverwaltung vun der Regioun Kiew, den Timur Tkatschenko, schwätzt vun enger "massiver" Attack "mat russesche Rakéiten a Kampfdronen". Ënnert anerem gouf zu Boryspil e Wunnhaus getraff, dobäi goufen aacht Leit blesséiert.

D'Ukrain reagéiert dann och nees an attackéiert e wichtege russeschen Hafen. De wichtege russeschen Hafen Ust-Luga un der Ostséi ass dem Regionalgouverneur no Zil vun enger Dronenattack ginn. Hei wiere Schied entstanen an et géife brennen, heescht et op Telegram. D'Attacken géifen och nach ëmmer lafen, Stand Dënschdeg de Moien.

Back to Top
CIM LOGO