An der UkrainOp d'mannst zwee Doudeger a véier Blesséierter bei russeschen Attacken

AFP, iwwersat vun RTL
Wéi d'AFP mellt, koum et am ganze Stadgebitt zu Dosenden Explosiounen an och Stroumausfäll.
Op d'mannst 2 Doudeger a 4 Blesséierter zu Kiew no russeschen Attacken
Am ganze Stadgebitt koum et zu Dosenden Explosiounen an och Stroumausfäll.

Bei russeschen Attacken op Kiew sinn der Ukrain no an der Nuecht op d'mannst zwou Persounen ëm d'Liewe komm. Wéi d'Militärverwaltung vun der ukrainescher Haaptstad e Mëttwoch de Moie matgedeelt huet, goufe véier weider Persoune blesséiert. D'Pompjeeë waren am Asaz, fir Bränn an Haiser, Lagerhalen a Geschäftsgebaier ze läschen.

"D'Regioun Kiew gouf nees vun enger feindlecher Rakéiten- an Dronenattack getraff", sou de Chef vun der Militärverwaltung Timur Tkatschenko. Den ukraineschen Autoritéiten no hunn d'Attacke säitens Russland e puer Bränn a Schied zu Kiew an Ëmgéigend provozéiert.

Déi ukrainesch Loftwaff hat d'Populatioun do virdru virun Attacke mat ballistesche Rakéite op Kiew gewarnt gehat. Wéi d'AFP mellt, koum et am ganze Stadgebitt zu Dosenden Explosiounen an och Stroumausfäll.

Russland huet am fënnefte Joer vum Krich seng Dronen- a Rakéitenattacken op déi ukrainesch Haaptstad massiv verstäerkt. Virun allem bei Drone setzt Russland elo op méi séier a performant Maschinnen.

Back to Top
CIM LOGO