Am Oste vu Spuenien sinn zwee Leit bei uergen Iwwerschwemmungen ëm d'Liewe komm. An der Regioun Valencia hunn d'Autoritéiten d'Awunner e Méindeg opgeruff, doheem ze bleiwen. An de Provënze Valencia an Alicante stoungen e Méindeg de Moie Stroossen, Haiser a Campingen ënner Waasser. D'Regionalregierung huet déi zweethéchst Noutfallstuf ausgeruff.
"Et ass onméiglech, sech ze beweegen, Dir musst doheem bleiwen. Et gëtt uerg Reefäll, déi staark Iwwerschwemmunge verursaachen", warnt de Chef vum Katastropheschutz vu Valencia, de Juan Carlos Valterrama, e Méindeg de Moien.
Eng Persoun ass den Autoritéiten no zu Sagunto gestuerwen. A Katalounien hunn d'Pompjeeën den Doud vun enger Fra gemellt, déi an eng Baach gefall war.
Plazeweis si bannent 24 Stonne 600 Liter pro Quadratmeter erofkomm. D'Leit sinn opgeruff, de Recommandatioune vun den Autoritéiten nozekommen, "well et vill Leit gëtt, déi festsëtzen", an op hir Rettung waarden, esou de Valterrama nach. Secouristen an Zaldoten hunn um fréie Méindegmoie Leit gebuergen, déi sech op Diecher a Sécherheet bruecht haten, well hir Haiser iwwerschwemmt gi waren.
Op der Insel Mallorca huet e Méindeg wéinst dem erwaarte Reen déi héchst Warnstuf gegollt. Och hei waren d'Schoulen e Méindeg zou.
Schonn e Sonndeg haten d'Rettungsdéngschter an de Regioune Valencia, Katalounien, Andalusien an op de Baleare wéinst stiermeschem Wieder honnerten Asätz gemellt.
Am Laf vun e Méindeg soll de Reen e bësse manner ginn an a Richtung Katalounien weiderzéien.