SpuenienOp d'mannst zwielef Doudesaffer bei Bëschbränn an Andalusien

AFP, iwwersat vun RTL
A Spuenien bidden déi héich Temperaturen an dat dréchent Wieder ideal Konditioune fir Bëschbränn.
E Mann trëppelt bei Almeria laanscht Haiser, déi vun de Flamen zerstéiert goufen.
E Mann trëppelt bei Almeria laanscht Haiser, déi vun de Flamen zerstéiert goufen.
© JORGE GUERRERO/AFP

A Spuenien kämpfen d'Pompjeeën aktuell an der Géigend vun Almeira an der Regioun Andalusien géint Bëschbränn. 500 Leit sinn am Asaz, géint d'Flamen, déi scho 6.000 Hektar Bësch zerstéiert hunn.

Bis ewell sinn zwielef Leit duerch d'Bränn ëm d'Liewe komm, déi meescht vun hinne ware warscheinlech Touristen, zum Beispill aus Groussbritannien an der Belsch. Deels hate si probéiert, zu Fouss virun de Flamen ze flüchten.

Back to Top
CIM LOGO