
Bis e Sonndeg hu sech d'Flamen an der Provënz Huelva ëmmer weider ausgebreet. Fir d'lescht war e Gebitt vu ronn 8.000 Hektar betraff, wéi den andalusesche Katastropheschutzbeoptraagten Antonio Sanz sot. An der Provënz Castellón hunn d'Secouriste géint e weidere Brand gekämpft.
D'Feier an der Regioun Andalusioun huet nërdlech vun der Stad Niebla gebrannt, déi op hallwer Streck tëscht Sevilla an der portugisescher Grenz läit. D'Flamen hu sech séier ausgebreet. E Samschdeg waren eng 400 Hektar betraff, e Sonndeg schonn ronn duebel esou vill. Allerdéngs wier net déi ganz Fläch verbrannt.
De Brand géing awer "komplex" bleiwen, sou de Sanz e Sonndeg. E "schwieregen Dag" géing virun de Pompjeeë leien. Hie wier awer "e bësse méi optimistesch" wéi virdrun. E Samschdeg hat de Sanz gesot, d'Feier géing duerch vill Loft ausgebreet, wat d'Bekämpfung erhieflech méi schwéier maache géing.
D'Zuel vun de Secouriste gouf bis e Sonndeg op am Ganzen iwwer 500 opgestockt, dorënner 250 Zaldote vun enger Noutfallunitéit vun der Arméi. Donieft goufe si aus der Loft ënnerstëtzt. Knapp 500 Leit goufe sécherheetshallwer opgeruff, sech a Sécherheet ze bréngen.
An der Provënz Castellón am Oste vu Spuenien hu Pompjeeën an Zaldoten e weidere Bëschbrand bekämpft. Hei hate bal 400 Hektar gebrannt. D'Autoritéiten haten och hei sécherheetshallwer eng Gemeng an der Géigend evakuéiert.
D'Ëmweltministesch Sarah Aagesen huet op d'Intenstitéit vun der Bëschbrandsaison a Spuenien dëst Joer higewisen. Bis ewell hätt et 40 grouss Bëschbränn ginn, zejoert ëm dee selwechten Zäitpunkt 15.