SécherheetsbedenkenOpenAI verëffentlecht neie KI-Modell net

AFP, iwwersat vun RTL
Aus den USA an der EU koumen dës Lescht ëmmer méi Fuerderungen, fir bei der Entwécklung vun der Kënschtlecher Intelligenz aus Sécherheetsgrënn méi lues ze maachen.
(FILES) OpenAI CEO Sam Altman attends a talk session with SoftBank group Chairman and CEO Masayoshi Son in Tokyo on February 3, 2025.
De Sam Altman, CEO vun OpenAI.
© AFP/

OpenAI, den Entwéckler vum Chatbot ChatGPT, verëffentlecht säin neie KI-Modell Astra 6.1 wéinst Sécherheetsbedenken net. Wéi d'Saachi Jain, déi bei OpenAI fir d'Sécherheetssystemer responsabel ass, erkläert huet, géif sech den Agent net bannent dem definéierte Kader beweegen a sech net un déi definéiert Autorisatiounen halen. "Mir wëlle sécherstellen, dass eis Modell-Entwécklung sécher ass, esouwuel bannent der Entreprise, ewéi och wa mir se un d'Notzer ausliwweren", heescht et vum Jain.

An de leschte Méint ass et jo ëmmer nees zu Tëschefäll komm, bei deene KI-Agenten anescht agéiert hunn, wéi dat eigentlech vun hiren Autorisatiounen hier méiglech gewiescht wier. Ënner anerem hat eng Kënschtlech Intelligenz en Internetsite vun der australescher Regierung gehackt an OpenAI huet confirméiert, dass seng KI-Toolen op Site vun amerikanesche Ministèren zougegraff hunn.

Aus den USA an der EU koume jo dës Lescht ëmmer méi Fuerderungen, fir bei der Entwécklung vun der Kënschtlecher Intelligenz, aus Sécherheetsgrënn, méi lues ze maachen. Ënner anerem d'CEOe vun OpenAI an Anthropic hu sech dofir ausgeschwat an d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet annoncéiert, déi wichtegst KI-Entreprise fir Gespréicher iwwer dës Thematik ze invitéieren. Op der anerer Säit hunn den US-President Trump an de Meta-Chef Zuckerberg sech dogéint ausgeschwat, bei der KI-Entwécklung méi lues ze maachen.

Entrevue am Wäissen Haus

Den US-President Trump empfänkt um Dënschdeg d'Patrone vun de groussen Entreprisen am KI- Beräich. CNN no wieren d'Cheffe vu Meta, Google, OpenAI, Anthropic an Nvidia a vläicht och den Elon Musk, um Rendez-vous am Wäissen Haus.

Et geet drëm, wéi wäit een d'Entwécklung vun der Kënschtlecher Intelligenz soll kontrolléieren respektiv bremsen.

Trotz Warnunge vun den Tech-Bosse wëll den Trump keng streng Regulatioun.

Back to Top
CIM LOGO