FrankräichOptakt vum fräiwëllege Militärdéngscht

AFP, iwwersat vun RTL
Den neie fräiwëllegen Déngscht dauert op d'mannst zéng Méint.
Den Emmanuel Macron am Gespréich mat engem vum de Fräiwëllegen.
© PHILIPPE MAGONI/AFP

A Frankräich gëllt zanter en Dënschdeg den neie fräiwëllegen Militärdéngscht. Den éischte Joergang gouf an enger Zeremonie zu Orange vum President Macron vereedegt. An den nächste véier Joer soll d'Zuel op 10.000 klammen. Dofir brauch et eng Jett Kasären an aner Infrastruktur, déi elo gebaut ginn.

De Fräiwëllegen-Déngscht ass een vun Macron senge leschte grousse Projeten. Viséiert si jonk Fransousen tëscht 18 an 25 Joer, déi sech fir op d'mannst 10 Méint engagéieren. Auslands-Asätz sinn ausgeschloss.

Back to Top
CIM LOGO