15 bis 20 Millioune Leit zu Teheran erwaartOptakt vun den Trauer-Festivitéite fir den Ajatolla Chamenei

AFP, iwwersat vun RTL
Et gi sech och auslännesch Gäscht fir d'Festivitéiten erwaart.
De Chef vun den iranesche Revolutiounsgarden Ahmad Vahidi beim Chamenei sengem Sarg
© -/AFP

Am Iran hunn d'Trauer-Festivitéite fir den Ajatollah Chamenei ugefaangen. Säi Sarg ass schonn an der Groussmoschee Mosalla zu Teheran opgeboort.

D'Zeremonien dauere bis den nächsten Donneschdeg. Da gëtt de verstuerwene geeschtleche Leader a senger Heemechtsstad Maschhad begruewen.

Eleng zu Teheran gi sech 15 bis 20 Milliounen Leit erwaart, déi laanscht säi Sarg wäerten defiléieren. Och auslännesch Gäscht si mat derbäi. Regierungsvertrieder aus China, dem Irak a Belarus si schonn ukomm.

Back to Top
CIM LOGO