
Den zweetgréisste russeschen Online-Händler Ozon huet nei Dronen-Attacken op seng Wueren-Haiser gemellt. An engem Logistikzenter zu Machatschkala am Süde vu Russland wier wéinst enger Dronenattack e Feier ausgebrach, sou Ozon e Méindeg an engem Communiqué- "No virleefegen Informatioune ginn et e puer Blesséierter", déi allerdéngs net a Liewensgefor géife schwiewen, esou d'Entreprise selwer.
Och Standuerter zu Adygeysk an zu Newinnomyssk am Süde vum Land goufe "wéinst der Gefor vun Dronenattacken evakuéiert". Hei géifen et keng Blesséierter oder Schied un Infrastrukture ginn.
Schonn an der Nuecht op e Méindeg hat Ozon gemellt, dass an der Suite vun enger Dronenattack an engem vu senge Logistikzenteren zu Krasnodar e "grousst Feier" ausgebrach wier. Och hei géifen et keng Blesséierter ginn, d'Personal gouf séier evakuéiert.
Den ukrainesche Verdeedegungsministère hat e Samschdeg Attacke géint Ozon annoncéiert gehat. "Nodeems ukrainesch Unitéiten déi 15 gréisste Logistikzentere vu Wildberries getraff huet, ass elo Ozon un der Rei", sou de Ministère. Wildberries ass de gréissten Online-Händler a Russland, nach virun Ozon. Béid Entreprise ginn dacks mam US-Konzern Amazon verglach.