Wéinst Sécherheetslag an israeeleschen AschränkungenPalästinensesch Parlamentswalen op September 2027 geréckelt

Monica Camposeo
De palästinensesche President Mahmud Abbas huet déi geplangte Parlamentswalen op September d'nächst Joer verluecht.
De palästinensesche President Mahmoud Abbas am Februar 2026.
De palästinensesche President Mahmoud Abbas am Februar 2026.
© KRISTIAN TUXEN LADEGAARD BERG/NurPhoto via AFP

Enn dës Mounts hätt a Palästina solle gewielt ginn, mee wéinst der Sécherheetslag an den Aschränkungen duerch Israel misst d'Wal verluecht ginn, heescht et vun de palästinenseschen Autoritéiten. Déi lescht Parlamentswalen hat 2006, also virun 20 Joer, d'Lëscht vun der Hamas gewonnen.

Déi lescht Presidentschaftswal war 2005, domadder wier dem President Abbas seng Legislatur 2009 op en Enn gaangen. Zanterhier gouf et awer wéinst der onstabiller Situatioun keng Wale méi, dofir ass hien ëmmer nach un der Muecht. Dass d'Parlamentswalen elo op en Neits verréckelt goufen, suergt dofir och an senger eegener Fatah-Beweegung fir Kritik.

Back to Top
CIM LOGO