Wéinst dem El NiñoPanamakanal-Agence reduzéiert Zuel vun de Schëffer, déi deeglech passéieren dierfen

AFP, iwwersat vun RTL
Wéinst dem Klimaphänomeen El Niño gëllt vun e Freideg un eng Reduzéierung am Schëffsverkéier duerch de Panamakanal.
Wegen des Klimaphänomens El Niño hat am Freitag die Reduzierung des Schiffsverkehrs im Panamakanal begonnen. Die Zahl der Schiffe, welche die Wasserstraße zwischen dem Atlantik und dem Pazifik durchqueren dürfen, wird bis Mitte September schrittweise von 36 auf 32 pro Tag gesenkt.
D'Zuel vun de Schëffer, déi all Dag passéieren dierfen, gëtt schrëttweis op 32 erofgesat.
© AFP

D'Zuel vun de Schëffer, déi duerch d'Waasserstrooss tëscht dem Atlantik an dem Pazifik fueren dierfen, gëtt bis Mëtt September schrëttweis vu 36 op 32 den Dag erofgesat, wéi d'Agence fir de Panamakanal matdeelt. De Grond fir d'Decisioun wieren niddereg Waasserpeegel an deenen zwee kënschtleche Séier, aus deenen de Kanal gefiddert gëtt.

Panama huet wéinst dem El Niño de landeswäiten Noutstand ausgeruff. De Wiederphänomeen entwéckelt sech iwwert dem Pazifik a suergt weltwäit fir Verännerunge bei Wand, Loftdrock a Reen, genee esou wéi fir méi héich Temperaturen.

Normalerweis trëtt den El Niño all zwee bis siwe Joer op an dauert tëscht néng an 12 Méint. Den aktuellen El Niño schéngt allerdéngs besonnesch ausgepräägt ze sinn.

Aktuellen El Niño gëtt sou staark wéi nach ni
D’Temperaturen am tropeschen Deel vum Pazifik sinn elo schonn aussergewéinlech héich.

Och Honduras an El Salvador hu schonn en Noutstand ausgeruff

Nach huet e säin Héichpunkt net erreecht, ma Mëttelamerika leit schonn ënnert enger schwéierer Dréchent. Dowéinst hunn och Honduras an den El Salvador den Noutstand ausgeruff.

Iwwert de Panamakanal gi fënnef Prozent vum weltwäite Miereshandel a ronn 40 Prozent vum US-Containerhandel ofgewéckelt. Et goufe schonn aner Mesure fir de Schutz vum Kanal ëmgesat. Esou gouf zum Beispill de maximalen Déifgang vu Schëffer - also d'Déift, bis zu där ee Schëff am Waasser läit, fir déi grouss Schëffer erofgesat.

2023 hat den El Niño d'Panamakanal-Agence dozou gezwongen, d'Zuel vun de Schëffer, déi all Dag passéieren dierfen, op 22 erofzesetzen.

Back to Top
CIM LOGO