
Bei engem Accident e Méindeg den Owend op der däitscher Autobunn A3 Héicht Emmerich koumen e Mann vu 37 Joer a seng 3 Joer al Duechter ëm d'Liewen. D'Bäifuererin, eng schwanger Fra vu 26 Joer, war liewensgeféierlech blesséiert ginn.
De Mann war mat senger Famill ënnerwee a Richtung Köln an ass dobäi op der lénker Spuer gefuer. Bei enger Opfaart wollt de Chauffer vun engem Camion op d'Autobunn fueren, huet de Won wuel iwwersinn. De Mann am Auto huet nach versicht aus de Féiss ze kommen, huet awer d'Kontroll iwwert d'Gefier verluer an huet sech e puer Mol iwwerschloen.
Wéi d'Police preziséiert, hätt de Camion den Auto net ze pake kritt. De Chauffer vum Camion hätt allerdéngs kuerz gebremst, wier dunn awer weidergefuer. No him gëtt lo gesicht.
De Familljepapp konnt just nach dout gebuerge ginn, d'Kand ass spéider u sengen uerge Verletzungen am Spidol verscheet. Déi 26 Joer al schwanger Bäifuererin gouf ganz uerg verwonnt, wier antëscht awer ausser Liewensgefor.