
Well e säi Jong stonnelaang eleng gelooss hat, ass de Papp elo vun den Autoritéite verwarnt ginn. D'Kand wier eleng op engem Wanderwee um Fuji fonnt ginn an der Police iwwergi ginn, huet ee Beamten aus der Regioun Shizuoka e Samschdeg der Noriichtenagence AFP géigeniwwer gesot. De Fuji ass mat 3.776 Meter den héchste Bierg a Japan.
Der lokaler Chaîne SBS TV no hat de Papp säi siwe Joer ale Jong schonn en Donneschdeg un der "sechster Statioun" vum Bierg op enger Héicht vun iwwer 2.000 Meter zeréckgelooss.
Deemno wier d'Kand op der Wanderung midd ginn. Well den eelere Brudder awer scho virgaange wier, hätt de Papp dem klenge Bouf gesot "hei ze waarden", esou SBS. Duerno wier de Papp mat sengem eelere Jong weider gewandert - an huet säi méi jonke Bouf do sëtze gelooss.
Der Chaîne Asahi no goufe Mataarbechter vun enger Bierghütt op de Jong opmierksam an hunn d'Police alertéiert. De Mataarbechter vun der Bierghütt no sollt de Jong aacht Stonne laang waarden. Als Verfleegung hat hie just e spuer Snacks an een Erfrëschungsgedrénks derbäi.
D'Police huet de Papp schliisslech kontaktéiert, deen deen Ament schonn un der "aachter Statioun" war. Wou hien nees zeréck war, hu si him de Jong ginn, ma net ouni him säi Verhalen ze reprochéieren. De Papp huet sech de Berichter no bei der Police entschëllegt an huet zouginn, datt hie sech liichtsënneg verhalen hätt.