
An Däitschland huet d'Parlament fir en Tankrabatt gestëmmt. Mat deem Gesetz ginn d'Steieren op Diesel a Bensinn vun Oktober bis Enn Dezember ëm 14 Cents de Liter erofgesat. Den Text muss e Freideg nach vum Bundesrat gréng Luucht kréien, fir datt en den 1. Oktober kann a Kraaft trieden.
D'Zil ass et, d'Leit z'entlaaschten, déi ënnert den deels immens grousse Präishaussë beim Sprit déi lescht Méint gelidden hunn. D'Oppositioun hält näischt vun där Iddi, virop, well d'Pëtrolsproduzenten esou Steierbaissen an der Vergaangenheet net ganz un de Client weiderginn hunn.
De Staat rechent mat ronn 2,5 Milliarden Euro, déi manner erakommen, wann dës Steier ewechfält.