
US-Procureuren hunn e Méindeg eng Enquête ronderëm eng presuméiert Gruppevergewaltegung op der Cornell Universitéit aus dem Joer 2024 relancéiert, nodeems nei Detailer zum Virfall, wéi och Virwërf opkomm sinn, d'Uni hätt déi presuméiert Täter net adequat bestrooft. An hirer Plainte, déi d'Affer dëse Mount deposéiert huet, sot si, si wier vu 7 Membere vun engem Studentencercel mat Ketamin drogéiert, sexuell mëssbraucht a vergewaltegt ginn.
De Studentencercel gouf vun der Cornell Universitéit zougemaach an déi involvéiert Studente si suspendéiert, e puer vun hinne spéider och erausgeheit ginn.
Nei Detailer zum Incident, déi aus der Klo ervirginn, hunn elo schwéier Virwërf géint d'Universitéit opkomme gelooss. Dës hätt déi Beschëllegt net adequat bestrooft. Rieds geet esouguer dovunner, als eenzeg Konsequenz hätten d'Männer Aufsätz misse schreiwen.
De Procureur vum Tompkins County, de Matthew Van Houten, huet annoncéiert, hie géing Ermëttlunge géint déi 7 Männer an d'Weeër leeden. 2024 hätt ee sech nach dogéint entscheet, well d'Aussoe vun der Affer net drop higedeit hätten, datt et keng Awëllegung ginn hätt. No de rezentste Virwërf vun der Fra hätt sech dat awer elo geännert. Et kéint heiansdo "Jore vun Therapie" daueren, fir datt "Affer vu sexuellem Mëssbrauch komplett veraarbechten a verstoen, wat hinne geschitt ass", esou de Van Houten an engem Pressecommuniqué
Fir Gerechtegkeet z'erreechen, misst ee "Fäll nees nei oprullen oder nei betruechten, wann een zousätzlech Beweismëttel kritt".
E Spriecher vun der Cornell University huet d'Decisioun, eng Enquête ze lancéieren, begréisst, mee gläichzäiteg d'Virwërf zeréckgewisen, déi Verdächteg hätten d'Méiglechkeet kritt, Aufsätz ze schreiwen fir mat enger manner haarder Strof ewechzekommen.
"All Behaaptung, d'Universitéit hätt keng konsequent Bestrofung fir déi Involvéiert en place gesat, ass falsch", esou de Cornell-Spriecher.
D'Plainte, déi iwwer 101 Säite geet, gëtt e grujelegen Abléck an de presuméierte sexuellen Iwwergrëff géint d'Fra, där hir Identitéit protegéiert gëtt. Ënnert anerem e Screenshot vun engem Message aus dem Social-Media-Déngscht "Snapchat" ass dran enthalen: "Free Pussy" (op lëtzebuergesch fräi iwwersat: "Gratis F*tz") ass do ze liesen, wuel ze verstoen als Invitatioun un aner Memberen aus dem Cercle, fir un der Vergewaltegung deelzehuelen.
Gefuerdert gi finanziell Dedommagementer vun der Cornell University an de siwe Verdächtegen.