
E Méindegmoie gouf an engem Regionalzuch, deen zu Koblenz-Mitte op der Gare gehalen huet, en Zuchbegleeder vun engem Passagéier ugegraff. Wéi d'Bundespolizei-Inspektioun vun Tréier mellt, wier et géint 10:50 Auer zu engem Sträit tëscht dem Passagéier an dem Begleeder komm. Dat wéinst engem Mangel u Plaz am Vëloswaggon. Dobäi hätt de Passagéier dem Zuchbegleeder Pefferspray an d'Ae gesprutzt. Duerno wier hie geflücht. Den Zuchbegleeder huet no der Attack missen am Spidol behandelt ginn.
Beim Verdächtegen handelt et sech ëm en 1,85 Meter groussen, ongeféier 35 Joer ale Mann.