
De Shamonda-Virus, dee bis elo just bei Déieren entdeckt gouf, konnt de franséischen Autoritéiten no weltwäit déi éischte Kéier bei engem Mënsch nogewise ginn.
De Patient, e 60 Joer ale Mann, soll un enger staarker Immunschwächt gelidden hunn an ass am Oktober zu Lyon gestuerwen, esou de franséische Gesondheetsministère. Et géif am Ament nach "kee Gesondheetsrisiko" bestoen.
De Shamonda-Virus gëtt duerch Mustiken iwwerdroen a wier Donnéeën no bis elo just bei Véi opgetrueden, säit Neistem och an Europa. De Virus zirkuléiert säit Joren bei den Déieren an Afrika an Asien.
Et wier en Ausnamefall vun enger Persoun mat engem extreem schwaachen Immunsystem. Aktuell gëtt nach ënnersicht, wéi et zu der Infektioun koum. D'Autoritéite ginn dovunner aus, datt de Mann sech am Oste vu Frankräich iwwert eng Mustik ugestach huet. An der Regioun gouf dëst Joer am Fréijoer an am Summer de Virus bei Déiere gemellt.
D'Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) wier informéiert ginn an d'Enquête wier nach amgaangen. Et géif nach keng Donnéeë ginn, datt d'Iwwerdroung duerch d'Consommatioun vun Déiereproduite méiglech wier.