
De Präis am europäeschen Handel ass am Verglach mam Dag virdrun ëm 4,0 Prozent zréckgaangen a louch am Nomëtteg bei 99,69 Dollar pro Faass (159 Liter). De Präis fir d'US-Zort West Texas Intermediate ass souguer ëm 5,0 Prozent op 95,22 Dollar erofgaangen.
Grond fir d'Baissë vun de Präisser ass d'Hoffnung, datt sech den US-President Trump um Bord vun der UN-Vollversammlung zu New York dës Woch mam iranesche President Massud Peseschkian gesi kéint.
De Krich, deen d'USA an Israel Enn Februar ugefaangen hunn, wierkt sech massiv op d'Transportweeër an d'Pëtrolsinfrastruktur an der Regioun aus. Schonn am Mäerz war de Pëtrolspräis op iwwer 100 Dollar geklommen. Am Abrëll huet de Cours vum Brent mat ronn 117 Dollar pro Barrel säi Joreshéchststand erreecht. Vum Mee u war en nees erofgaangen a louch zanter Enn Juli duerchgoend ënner 100 Dollar. Ufank September war en awer nees iwwer dee Seuil geklommen.