USA widderspriechenPëtrolstanker an der Strooss vun Hormus explodéiert

AFP, iwwersat vun RTL
Wéi iranesch Revolutiounsgarde confirméieren, wier an der Strooss vun Hormus Pëtrolstanker no enger Kollisioun mat enger Minn explodéiert.
Esou vill Schëffer zirkuléieren den Ament net méi an der Hormus-Strooss.
Esou vill Schëffer zirkuléieren den Ament net méi an der Hormus-Strooss.
© HASSAN GHAEDI/Anadolu via AFP

D'Schëff "El Gaia" wier op der vum Iran verminnter Streck ënnerwee gewiescht, wéi et zu enger Detonatioun komm wier. Den Tanker wier iwwer eng vun hire Séi-Minne gefuer, sou d'iranesch Revolutiounsgarden, a wier dono a Flamen opgaangen.

D'Revolutiounsgarden haten am Virfeld explizitt gewarnt iwwer de südlechen Deel vum Mierespassage ze fueren. All Schëff misst den nërdleche Wee huelen, also laanscht déi iranesch Küst. Just do fir de Passage sécher.

D'Strooss vun Hormus ass am Iran-Krich zum zentrale Sträitpunkt tëscht Teheran a Washington ginn. Virum Krich ass ronn e Fënneftel vun der weltwäiter Pëtrolsversuergung duerch de Mieresspassage gelaf. Och Flësseggas an Dünger aus de Golfstaate ginn iwwert dëse Wee exportéiert.

Back to Top
CIM LOGO