Japan Geldwäsch an Déifstall: Pokémon-Kaarte ginn zum Milliardegeschäft

RTL Lëtzebuerg
De Boom ronderëm Pokémon- an aner Sammelkaarten ass a Japan en enorme Marché.
© KOTA KIRIYAMA/The Yomiuri Shimbun via AFP

2025 hat de Marché e Wäert vun ëm 338 Milliarde Yen, ronn 1,83 Milliarden Euro. Verschidde rar Kaarte ginn dobäi fir Millioune verkaf – eng extrem rar Pikachu-Kaart huet am Februar ronn 16 Milliounen Dollar erabruecht.

Déi héich Wäerter zéien awer och Krimineller un. D'Police mellt geziilten Abroch an Trading-Card-Butteker, bei deenen Täter mat Hummeren a Briechstaangen d'Vitrinnen opbriechen a grouss Quantitéite Kaarte klauen.

Och d'Politik mécht sech Suergen ëm Geldwäsch. Eng deier Kaart kéint einfach transportéiert an am Ausland weiderverkaf ginn, ouni bei Kontrollen esou opzefale wéi zum Beispill Gold oder méi grouss Wäertgéigestänn.

Deputéiert vun der regéierender LDP beschäftege sech elo mam Thema. Diskutéiert ginn ënner anerem méi streng Kontrollen an eng Identifikatiounspflicht bei ganz deieren Transaktiounen. De Marché soll awer net gebremst ginn, well Pokémon, Yu-Gi-Oh! an aner Trading-Cards och e wichtege japaneschen Exportproduit sinn.

Back to Top
CIM LOGO